top of page

Hallo, eis léif Schüler!

F5A7B691-A5E3-4F14-AFFD-B22F53259A57.jpeg

EIS NOHËLLEFSCHOUL ODG

Nohëllefschoul ODG ass eng Schoul, déi als Zilsetzung huet, Kanner an Erwuessenen schoulesche Bäistand ze leeschten. Vill Kanner verléieren un Selbstsécherheet an -vertrauen, dohier hunn mir eiser Nohëllefschoul ee Numm ginn, deen d'Kanner opmontere soll. Eise Nohëllefsdéngscht spezialiséiert sech zilorientéiert op déi Schüler, déi eng intensiv Léierbetreiung brauchen, fir schoulesch virunzekommen. Vill Kanner a Schüler hunn et net einfach an der Schoul, op aus perséinleche oder schoulesche Grënn. 

 

Eis Nohëllefschoul ODG schafft niewebäi erwäänt mat anere Gemengen a schoulesche Déngschter zesummen. Iwwert ganz Lëtzebuerg verdeelt - ënnerstëtzt eise Team Schüler an alle Regiounen an ass national ënnerwee - ënner anerem hunn mir Projeten mat Kanner- a Jugendheemer.

MIR BIDDEN UN:

  • Nohëllef a Begleetskueren (Cours d’appui)

  • Sensibiliséierungskueren iwwert schoulesch a psychologesch Themen, wéi: Angscht virun der Prüfung iwwerwannen, nei Léiermethoden entdecken, asw.

  • Kueren mat Senioren - Senioren hëllefe Schüler!

  • Léierräich a bildend Aktivitéiten mat de Kanner ausserhalb vun der Schoulzäit, besonnescht a Schoulvakanzen (Bastelen, Outdoor, asw.)

  • Motivatiounscoaching fir Kanner, wou et un Motivatioun feelt

  • Eenzelkueren fir Schüler mat Beanträchtegung

  • Reegelméisseg Analysen vun den Kompetenzentwécklungen vun de Schüler

  • Reegelméissege Kontakt mat den Elteren fir een Austausch

  • Gratis Service: Ausléine vu Bicher, fräit Printen vu Blieder, psychologesch Workshops

Klassenraum - Kommoden
Klassenraum 1
bottom of page